Den 06.09.2026 stin d’Diesellokomotiven am Fokus vum Dag vun der oppener Dier vum Train 1900.
Als Minièresbunn Doihl ergänzen mär den Programm vum Train 1900 mat Fahrten mat eiser Diesellok op der Streck Fond-de-Gras (Arrêt Gare) an dem Doihl. *
Départen:
Fond-de-Gras -> Doihl -> Fond-de-Gras
10:50,11:50, 12:50, 13:50, 14:50, 15:50, 16:50
Där kënnt d’Zich vum Train1900 an der Minièresbunn esouwuel am Fond-de-Gras, wéi och um Doihl wiesselen.
Op dësem speziellen Daag kënnt Där Kombi-Ticketen fir d’Zich vum Train 1900 an der Minièresbunn op der Plaatz bei den Bénévolen vun beiden Associatiounen kaafen:
Erwuessener: 18 Euro
Kanner (5-11 Joer): 13 Euro
Am Fond-de-Gras erwarden Ärch historesch Diesel-an Damplokomotiven vum Train 1900 an vum Verein 1604 Classics esou wéi Musik, Iessen a Gedrénks.
*D’Arrêten Lasauvage (Carreau de la mine), Lasauvage (église) an Saulnes gin den 06.09.2026 ausnahmsweis nët ugefuer.
